Radiosendung 100, 7 30.10.2016
D'Recht op inklusiv Bildung fir jidwereen
30. Okt 2016 - 10:04Op den Dosage kënnt et un, soss leeft d'Inklusioun d'Gefor genee dat ze gi wat se net wëllt sinn: e Segretatiounsinstrument. Iwwert den aktuelle Stand vun enger inklusiver Bildungspolitik am Saarland an a Lëtzebuerg, iwwert d'Perspektiven an d'Iwwerleeung, ob en Inklusioun iwwerhaapt brauch, doriwwer diskutéieren: den Diplom-Psycholog Arthur Limbach-Reich, Professer op der Uni Lëtzebuerg, de Chef vun der Kënschtler-Agence SlangMusic, Sascha Lang, vu Gebuert u blann, de Soziolog a Referent fir Behënnertepolitik vun der Aarbechtskammer vum Saarland, de Manfred Leinenbach an d'Annette Pauli vun der Landesvereinigung Selbsthilfe Saarbrücken, déi selwer am Rollstull sëtzt. Moderatioun: Sabine Ertz vum SR 2 Kulturradio/ Antenne Saar an André Duebbers, radio 100,7.
https://www.100komma7.lu/program/episode/133044/201610301004-‐201610301100